EUYO SPRING TOUR 2011 - AUS LëTZEBUERGER SIICHT

Dass Lëtzebuerger bal iwwerall an der Welt unzetreffe si, ass allgemeng bekannt - dass fir d'EUYO Spring Tour 2011 awer nët nemmen een, mee zwee lëtzebuerger Musiker mat vun der Partie sin, huet éischter Raritéitswärt. 

 

Als Lëtzebuerger an engem internationalen Orchester matzewierken, ass nët aleng duerch de gudde Ruff vum EUYO eng fäi Saach - mir hu vun Haus aus einfach déi bäschte Viraussetzungen, eis wonnerbar an d'Europäesch Grupp integréiren ze kënnen. Witzer iwwert eis eege Sprooch kënne mer liicht doduerch ignoréiren, dass mer souvill aanerer beherrschen. An esou wéi sech am Orchester no an no d'Gruppen natiirlech de Mammesproochen no forméiren, hu mir d'Fräiheet eis mol hei, mol do anzemëschen.

 

D'Décisioun, beim EUYO matzemaachen, ass immens liicht gefall - ëmmerhin ass ët eng grouss Éier, sech géint Musiker aus 27 Länner duerchgesaat ze hun an op Tournée invitéiert ze gin! An awer ass ët nët emmer liicht, Famill a Frënn, Ensemblen an Universitéitsverpflichtungen 5 Wochen laang géint eng ausféierlech Orchester-Tournée auszetauschen. Ënnerwee kann ee secherlech nët esou vill üben wéi gewinnt - an dach entwéckelt een sech perséinlech stark weider! Nieft soziale Kompetenzen an der Flexibilitéit, sech als friem Musiker zu enger Eenheet z'entwéckelen, léiert een e gudd Stéck Orchesterrepertoire kennen an ënnert de weltbeschten Dirigenten ze spillen. Während de 2 Wochen gët de Programm intensiv geschafft, dono geet ët "on the road" - mir gesi vill Stiet, schéi Landschaften, Hotele vun ok- bis luxusstandard, a virun allem ënnerschiddlech Concertssäll. Sech ëmmer un déi nei Bedingungen unzepassen, wëll och trainéiert sin...

 

Dës Fréijoërstournée ass leider méng lescht mam EUYO - ech hu mëttlerweil d'Altersgrenz vu 24 Joër iwwerschratt. Leider, well ët eng wärtvoll Erfahrung war, an ech jidderengem, deem sech d'Méiglechkeet bidd fir dobäi ze sin, den EUYO un d'Härz lée kann. 120 jonk Musiker, déi op héchstem Niveau mat Begeeschterung op der Bühn stin, setzen eng enorm Energie fräi...

 

Un dëser Platz och e grousst Kompliment un d'Orchester- an d'Tourmanager souwéi all d'EUYO-Betreier! D'Tournée war vu vir bis hannen enorm gudd duerchorganiséiert, an och wann engem d'Wënsch nët vun de Lëpse gelies gin, sou huet jiddereen emmer en opent Ouer fir eis gehat, an ët gouf probéiert, onméigleches méiglech ze maachen. Souguer aus Imprévuen, wéi zum Beispill ofgesoote Concerten, gouf daat beschte gemaach - sou hu mer zu St. Moritz bespillsweis relativ kuerzfristeg e Benefiz- a Gedenkconcert fir d'Affer vum schlëmmen Erdbiewen an Tsunami a Japan gespielt. Daat war en immens erfollegräichen an emotionalen Owend, dee mer nach laang an Erënnerung wärt bleiwen.

 

Moar ass de läschte Symphonieconcert ënnert der Leedung vum Vladimir Ashkenazy, iwwermoar nach e Kammermusikconcert, dono geet op Ouschteren nees heem... mir bleift näischt aaneres iwwreg ze soën wéi Merci, dass ech een Deel vun all dem duerft sin! Merci EUYO, a vill Succès fir d'Zukunft!